Viru kuerzem hat d'Croix-Rouge Sektioun Kolpech an de Centre de Réhabilitation op Kolpech agelueden, fir un der 40. Generalversammlung vun der Sektioun deelzehuelen.

D'Presidentin Jeanny Janes huet all deene Merci gesot, déi um Schlassfest 2023 gehollef hunn. Dobäi war e Scheck vu 15.000 Euro zesummekomm. Weider huet si annoncéiert, datt d'Schlassfest dëst Joer net am Juli, mee de 15. September wäert sinn.