D'Jeunes Mamans vu Konsdref engagéiere sech all Joer fir de gudden Zweck. Si hunn dëst Joer 1.400 Ouschtereeër gefierft an d'Kanner sinn am Duerf vun Dier zu Dier gaangen, fir d'Eeër ze verkafen. Duerch dës Aktioun hunn d'Mammen an d'Kanner eng Kollekt vun 2.000 Euro realiséiert.

An engem flotte Kader um Camping Buurgkapp zu Konsdref hunn d'Jeunes Mamans zesumme mat de Kanner dee generéise Scheck vun 2.000 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht an ënnerstëtzen esou déi krank Patienten an hir Famillen.