Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg
3.000 Euro fir d'Blëtz a.s.b.l.

Den 30. Abrëll war d'Blëtz a.s.b.l. vun de Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg invitéiert ginn.
D'Nicole Backes-Walesch an d'Yasmine Silbereisen waren do, fir Blëtz ze vertrieden. Bei dëser Geleeënheet hu si d'Aktivitéite vun der Associatioun virgestallt, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt.
Si hu sech immens gefreet, datt d'Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg u si geduecht hunn. Si hunn der Blëtz a.s.b.l. en Don an der Héischt vun 3.000 Euro iwwerreecht, déi villmools Merci soen.
Am meeschte gelies