D’Schüler aus dem Lycée Technique zu Lalleng hunn eng Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt – Hair for happiness!

D’Zil vum Projet war et, wärend e puer Deeg eng Kollekt vun Hoer ze maachen déi da fir Parécke vu Kriibspatiente weiderverwäert kënne ginn. D’Schüler hunn dofir zesumme mam Coiffer Tun vum Salon byTun collaboréiert. Niewebäi hunn si och Spende gesammelt.

Mam Erléis vun dësem Projet hunn si decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.