4 Schüler aus dem Lycée Nic Biever zu Diddeleng hu Solidaritéit mat Kriibspatiente gewisen andeems si selwergemaachen, ekologesch an natierlech Käerzen an der Cloche d’Or an um Chrëschtmaart vun der Schoul erstallt a verkaf hunn. Den Erléis vun dëser Engagement ass integral der Fondation Cancer iwwereecht ginn.

Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.