D‘Lycée Josy Barthel Mamer-asbl huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, andeems si déi läscht Joren d’Event ‘Alles op de Vëlo am Mamerdall!’ fir de gudden Zweck organiséiert, an en Deel vum Erléis gespent hunn.

Bei dëser Manifestatioun konnt en u villen flotten Aktivitéiten deelhuelen, souwéi en Tour mam Vëlo duerch d’Bëscher a laanscht d’Wise vum Mamerdall maachen, an dat ganz a Rou ouni motoriséierte Verkéier. Duerch dës flott a sportlech Solidaritéitsaktioun ass déi generéis Zomm vun 3.000 € zustane komm.

Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden, Informatiounen zur Verfügung ze stellen, souwéi d’Fuerschung ze ënnerstëtzen.