10.494,44 Euro fir d'Fondation Cancer

Den Antonio Diglio an d'Ruff Ryders hunn zesummen eng Motorrad-Rallye organiséiert, fir Spende fir d'Fondation Cancer ze sammelen. Bei dëser Aktioun sinn iwwer 10.000 Euro zesummekomm.
De Pressecommuniqué vun der Fondation Caner:
Prospect Event Ruff Ryders Luxembourg
10.494,44 € fir d’Fondation Cancer
Den Antonio Diglio huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, andeems hien e Motorrad-Rallye, an Zesummenaarbecht mat der Associatioun ‘Ruff Ryders Luxembourg’, fir de gudden Zweck op d’Bee gestallt huet.
Dem Antonio seng Duechter, d’Claudia, gouf virun zwee Joer mat engem Tumor diagnostizéiert. Wärend dëser schwiereger Zäit huet hatt Oflenkung beim Motorradfueren fonnt. No enger erfollegräicher Chemotherapie, huet den Antonio decidéiert, zu Éiere vu senger Duechter, d’Remissioun mam Event ‘Prospect Event Ruff Ryders Luxembourg’ ze feieren, an den Erléis vun dëser Solidaritéitsaktioun integral un d’Fondation Cancer ze spenden.
Motorradfuerer aus dem ganze Land, awer och Leit aus den Nopeschlänner, hunn sech zu Biissen getraff fir d’Liewen ze feieren. Si konnte vu Concert’e souwéi vun Aktivitéite fir grouss a kleng profitéie. Duerch dës Solidaritéitsaktioun ass eng generéis Zomm vun 10.494,44 € zustane komm.
D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer huet alle Bedeelegte Merci gesot fir dës Ënnerstëtzung, déi et erméiglecht d’Fuerschung weiderhin ze ënnerstëtzen.