Den 8. Juni ass d’Blëtz a.s.b.l., déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, vun der Gemeng Leideleng invitéiert ginn. D’Yasmine Silbereisen an d’Anne Brimaire-Hoffmann hunn am Numm vu Blëtz un der Soirée am Kader vun der „Nuit du Sport“ deelgeholl. Bei dëser Occasioun gouf der Associatioun e Scheck an der Héischt vun 3.000 Euro iwwerreecht. Mir freeën eis immens, dass d’Gemeng Leideleng un eis geduecht huet a soen hinne villmools Merci fir dëse generéisen Don!