D'Schreiwes vu Blëtz a.s.b.l.

De 24. Juni huet d’Stater Gemeng d’Blëtz a.s.b.l op eng Scheckiwwerreechung am Kader vum ING Night Marathon invitéiert. Beim inklusive Laf „Roll & Run“ goufe 470 Euro fir d’Associatioun gesammelt, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt.

Den David Lucius war als Member vum Comité fir d’Blëtz a.s.b.l. sur Place an huet de Scheck a Presenz vun zwee Schäffen – der Madame Beissel an dem Här Galles – entgéint geholl. Mir freeën eis immens, dass d’Ville de Luxembourg un eis geduecht huet a soe villmools Merci fir dëse generéisen Don!