1.000 € fir d'Fondation Cancer

© Fondation Cancer
Am Kader vum Discovery Day huet Kinepolis 1.000 €fir d'Lutte géint de Kriibs gesammelt.
Presseschreiwes
Kinepolis – Discovery Day
1.000 € fir d'Fondation Cancer
Kinepolis huet de 25. Mee den Discovery Day fir de gudden Zweck organiséiert. De Prinzip vun dësem Event ass, den Zuschauer exklusiv Trailer’e vun neie Filmer virzestellen, déi geschwë wäerten am Kino lafen.
Kinepolis huet sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer mam integralen Erléis vun den Entréesbilljeeën ze ënnerstëtzen, souwéi de Montant vun der Spend opzeronnen. Esou ass déi generéis Zomm vun 1.000 € zustane komm.
Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, a Präsenz vun der Madamm Maud Franz, Marketing Manager bei Kinepolis, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.