Geheekelt Prinzessinne fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

© Fondatioun Kriibskrank Kanner
D'Lia Bleser huet a sengem Liewe puer grouss Passiounen an eng dovunner ass d'Heekelen.
D'Lia huet esou zanter enger Zäit säi Site "Bärchis", wou ee flott Handaarbechte vun hir fënnt. Et war dem Lia wichteg, op een Thema opmierksam ze maachen, dat an eiser Gesellschaft éischter net esou gären diskutéiert gëtt.
Wa Kanner mat Kriibs an Traitement ginn an dann eng Chemo musse kréien, verléieren si hir Hoer. Dat ass schlëmm fir een Erwuessenen, mee ëmsou méi schlëmm bei Kanner. An esou ass et komm, dass si Disney-Prinzessinnen ouni Hoer geheekelt huet, déi awer eng Perréck hunn, déi un- an ausgedoe kënne ginn.
Dës Prinzessinnen si fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent ginn, déi och am edukative Kader genotzt ginn. Bei där flotter a wichteger Spendenaktioun huet d'Lia Bleser net nëmmen d'Prinzessinne gespent, mee och nach d'Kollekt vum Verkaf, an esou konnt ee Scheck an Héicht 424 Euro un d'Fondatioun iwwerreecht ginn.