Trooperplay a.s.b.l
1.350 Euro fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Trooperplay a.s.b.l.ass hei zu Lëtzebuerg net méi ewech ze denken. Si si souwuel National wéi och International vertrueden, well si duerch hir Leidenschaft zu de legendäre Star Wars Filmer eng grouss Communautéit gegrënnt hunn. Kleng a Grouss ass faszinéiert, si an hire Kostümer an Uniformen ze gesinn, a sech esou an d'Welt vum Science-Fiction entféieren ze loossen.
D'Trooperplay's sinn ëmmer ënnerwee fir Freed ze verbreeden an awer och ganz engagéiert, wa si kënnen eppes fir de gudden Zweck maachen. Si hunn der Fondatioun Kriibskrank Kanner esou ee generéise Scheck an Héicht vun 1.350 € iwwerreecht an ënnerstëtzen esou d'Missioune vun der Fondatioun.
Am meeschte gelies