2.647,44 € fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Sechs Schülerinnen a Schüler aus dem Lallenger Lycée hunn den LTL Charity GP organiséiert, fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.
Op dës Manéier sinn am Ganzen 2.647,44 € zesummekomm, déi a Form vun engem Scheck un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht goufen.
De Pressecommuniqué vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner
De Lycée Technique Lalleng ass zanter Joren ëmmer mat senge Schüler engagéiert ee Projet fir de gudden Zweck op d'Been ze setzen. Dëst Joer hu 6 Schüler Gabriel, Mariana, Juliana, Melanie, Bojan an d'Alyssa ee super Event a Liewe geruff dat si als LTL Charity GP organiséiert hunn. An Zesummenaarbecht mat hire Partenairen an Sponsore konnten si dëst Event zu engem richteg Erliefnis maache fir Grouss a Kleng. Duersch hir fantastesch Aarbecht hunn si déi generéis Kollekt vun 2.647,44 € gesammelt an déi ganz houfreg un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.