De Club 2000 Viichten-Mëchelbuch huet seng 45 Joer gefeiert an ee Merci-Fest organiséiert.

An éischter Linn waren aktiv a fréier Memberen agelueden. Et war awer en ëffentlech Fest a jidderee konnt kommen.

Niewent dem gudden Iesse war och mat enger Tombola mat grousse Präisser, engem Sprangschlass & Art Expo vum Kënschtler "SONE" de ganzen Dag fir Animatioun gesuergt.

Den Olivier Seyler (Kënschtlernumm "SONE"), deen och Member am Club 2000 ass, huet dem Club fir de 45. Gebuertsdag een extrat Bild gemoolt, dat de Club versteeë konnt. Den Erléis heivu gouf un "Een Häerz fir Kriibskrank Kanner asbl" gespent!

D‘Bild vum „SONE“ gouf fir ganzer 600€ versteet. De Club huet doropshin decidéiert, déi Zomm opzeronnen, soudatt de Club stolz behaapte kann, 1000€ un "Een Häerz fir Kriibskrank Kanner asbl“ ze spenden.

De Club 2000 Viichten-Méchelbuch seet jidderengem ee grousse Merci, deen dozou bäigedroen huet, an eis ënnerstëtzt huet!