A Gedanken un de Rudy Maquet, huet d’International School Michel Lucius (ISML) e Laf fir de gudden Zweck am Parc Tony Neuman um Lampertsbierg organiséiert.
 
Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnten alleguer d’Schüler aus dem ISML hiert Engagement weisen: Bis de Moment vun der Scheckiwwerreechung goufe 6.114 € gespent. Haut steet déi generéis Gesamtzomm bei 8.523,90 €.
 
"This year, ISML chose to do a charity run to support the Fondation Cancer Luxembourg to finance a dedicated research project: the Diomedes research project, because Glioblastoma impacted one of our school members directly. Hopefully, this fosters a sense of empathy and community in our students, while contributing to vital advancements in medical science that can save lives.”, sou de Scott Morton, Enseignant am Michel Lucius.
 
Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hir Generositéit. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, d’Rechercheprojet’en weiderhin ze finanzéieren. Déi gesammelt Spende ginn op Wonsch vun den Organisateuren dem Diomedes-Fuerschungsprojet zougedeelt. Dëse Projet vum Dr. Anna Golebiewska gëtt vun der Fondation Cancer a vum Fonds National de la Recherche (FNR) kofinanzéiert an huet als Zil ze analyséiere wéi Tumorzellen an hiert Mikroëmfeld sech wärend der Behandlung änneren. Mat dëse Resultater kënnen an Zukunft hoffentlech personaliséiert Therapien ugebuede ginn.