D'Gemeng Sëll ënnerstëtzt en Natur-Projet vu Costa Rica

© Charles Reiser
Esou wéi de Buergermeeschter Gérard Zoller am Ufank vun enger Gemengerotssitzung erkläert huet, ass d‘Gemeng Sëll gewëllt, all Joer eng gewëssen Zomm fir e gudde Zweck ze spenden. Fir dëst Joer war decidéiert ginn, fir de Projet vun der Regeneréierung vum tropesche Reebësch zu Costa Rica ze ënnerstëtzen. Mat engem grousse Merci konnt d‘Vroni an de Frank Fischbach e Scheck iwwer 2.500 Euro entgéinthuelen, deen der Lëtzebuerger Bësch-Grupp, Rainforest, zegutt kënnt an déi sech aktiv géint de Klimawandel asetzen a ganz speziell, sech drun ze bedeelegen, fir och hei de biologesche Korridor zu Costa Rica mat neien Tropebeem ze beplanzen. Mat 25 Euro dréit ee Bam derzou , dass de Reebësch zu Costa Rica op sécherem Grond kann erweidert ginn. Mat enger interessanter Presentatioun vun dësem Projet huet déi naturverbonne Scheckiwwerreechung hire würdegen Ofschloss fonnt.