Fir hir Solidaritéit mat Kriibspatienten ze weisen, hunn de Claude, de Mike, de Lucas, de Francesco, den Iyed an den Nicolas déi zweet Editioun vum Walk4People organiséiert.

D‘Grupp Walk4People ass 2022 gegrënnt ginn an si hunn sech elo fir zweet enger aussergewéinlecher Erausfuerderung gestallt: Vum Norde bis an de Süde vu Lëtzebuerg trëppelen, an dat ganzt a 24 Stonnen. De Grupp vu Kolleege sinn also an engem Dag méi wéi 100 Kilometer fir de gudden Zweck getrëppelt!
Am Kader vun dëser Aktioun konnt eng Zomm vun 3.400 € gesammelt ginn an dësen Erléis ass integral der Fondation Cancer gespent ginn.
Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.