E Sonndeg hat den Nidderpallener Gesank hiert Merci-Iesse fir déi Leit, déi den 1. Mee um Konscht- an Hobbymaart gehollef hunn.

An deem Kader huet de President Freddy Sangers e Scheck an Héicht vun 3.000 € un d’Stroossenengelen ASBL iwwerreecht.

De President Luc Lauer huet e waarme Merci gesot an d’ASBL virgestallt. Hien huet drop higewisen, dass si benevole schaffen, ausschliisslech mat Spende funktionéieren an zu kenger anerer Organisatioun derzou gehéieren. Zanter 7 Joer sinn d’Stroossenengelen eng ASBL an hei am Land op der Strooss ënnerwee, fir géint d’Aarmut ze kämpfen, déi ëmmer méi grouss géing ginn. Si versuergen arem Leit, deels op der Strooss, Familljen, Monoparentallen a Leit, déi an d’Altersaarmut gefall sinn. All hu si ze vill fir staatlech Hëllefen ze kréien an awer net genuch, fir würdeg kënnen ze liewen. Aktuell betreie si 400 Familljen, Tendenz steigend an dat iwwer d’ganzt Land.

Fir kënnen ze hëllefen, hu si en Antigaspiprojet fir de sozialen Zweck op d’Been gesat, kréien Ënnerstëtzung duerch Leit iwwer Wiedereingliederungsmesuren a bei hinne kënne Leit hir Sozialstonnen ofschaffen.

Den Här Lauer huet ofgeschloss mat de Wierder: “Mir sinn do a mir bleiwen”.

Den Nidderpallener Gesank ass frou, si e bëssen dobäi ze ënnerstëtzen.