Am Kader vum Broschtkriisbmount Rosa Oktober huet d'Lorraine Boucley Gramain sech och dëst Joer dozou decidéiert, d'Fondation Cancer mat enger Solidaritéitsaktioun ze ënnerstëtzen.

D'Lorraine ass Pilates-Coach an huet wärend senge Coursë Spende gesammelt a de Betrag fir verschidde Coursen integral un d'Fondation Cancer gespent. Esou ass eng generéis Zomm vun 1.375 € zesummekomm.

"Je suis très heureuse de remettre ce chèque à la Fondation Cancer au nom de toutes mes élèves unies pour soutenir la lutte contre le cancer du sein. Merci à chacune d'entre elles pour leur générosité et leur engagement pour octobre rose 2024", seet d'Lorraine.

D’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet dem Lorraine häerzlech Merci gesot wärend der Scheckiwwerreechung an de Raimlechkeete vun der Fondation Cancer. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.