Dëse Summer huet d’Ecole Privée Sainte-Anne e Laf fir de gudden Zweck ronderëm hiert Schoulgebai zu Ettelbréck organiséiert.

D’Schüler hu virun dësem Charity Run d’Léierpersonal, Frënn a Famill dozou motivéiert Sponsore vun dëser Course ze ginn. All absolvéierten Tour ass soumat vun enger Spend ënnerstëtzt ginn.
 
Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnten iwwer 1.000 Schüler vun der Ecole Privée Sainte-Anne hiert Engagement weisen an eng generéis Zomm vun 23.922 € gesammelt ginn.
 
Wärend der Scheckiwwerreechung konnten d’Kanner, souwéi d’Proffen an d’Direktioun, dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all hir Froe stellen an sech informéieren zum Thema Kriibs. D’Margot huet alle Schüler a Sponsoren häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.