De 15. November hat de Gaart an Heem Réiden/Atert hiren traditionellen Hierkenowend an der Sportshal organiséiert, wou ënnert anerem och fir musikalesch Optrëtter vum Duo Wa Ta Touille gesuergt war.

Zesumme mam Virstand huet de President zwee Schecken iwwerreecht, déi duerch de Verkaf vun Eisekuchen iwwert dat ganzt Joer zestane komm sinn. Deen éischte Scheck an Héicht vun 3.000 Euro huet d'Presidentin Martine Eischen vun "Trisomie 21" entgéintgeholl. Déi selwecht Zomm ass un d'Vereenegung "Trauerwee" gaangen, déi de Sekretär Max Zuccoli op der Bün ugeholl huet. Béid Organisatiounen hunn doropshin erkläert, wou d'Suen an Zukunft genee agesat géife ginn.