D'Schreiwes vun der Fondation Cancer

Centre Polyvalent de l’enfance Kirchberg (CPE Ki)
2.750 € fir d'Fondation Cancer
 
Am Kader vum internationale Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Kanner vum Centre Polyvalent de l’Enfance Kirchberg, an Zesummenaarbecht mat hiren Elteren an den Educateur’en, sech dozou decidéiert den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen andeems si eng flott Zumba Party op d’Bee gestallt hunn.
 
« Même si nous essayons de protéger les enfants de certaines réalités difficiles, ils sont toujours impliqués directement ou indirectement dans tout ce que nous vivons... Les enfants ont en eux une force incroyable qu’ils trouvent dans le fait de savoir qu'ils font partie de quelque chose d'immense - une communauté où même leurs plus petits gestes sont porteurs de sens. C'est dans ce lien qu'ils découvrent qu'ils ne sont pas seuls, mais qu'ils sont liés aux autres par un objectif commun, dans les bons comme dans les mauvais moments. Ce 18 octobre au CPE Ki, ils ont contribué à relayer l’espoir ; ils ont encouragé et soutenu la vie ! » seet d’Ekipp vum CPE Ki.

Dank dëser Solidaritéitsaktioun konnt der Fondation Cancer eng generéis Zomm vun 2.750 € gespent ginn. D’Kanner konnten dunn och virun der Scheckiwwerreechung dem Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all hir Froe stellen an sech esou e bëssen informéieren zum Thema Kriibs.
 
 
Wärend der Scheckiwwerreechung, huet d'Margot Heirendt all Bedeelegten häerzlech Merci gesot fir hiren Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.