Baloise Lëtzebuerg
3.600 Euro fir d'Fondation Cancer gesammelt

© Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibs-Mount am Oktober huet d'Assurance Baloise een Don an Héicht vun 3.600 Euro un d'Fondation Cancer gespent
D'Zomm ass duerch Spende vun de Mataarbechter an och duerch de Verkaf vu klenge Marchandisen am Kader vum Solidaritéitslaf zestane komm, deen d'Assurance organiséiert hat.
D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet bei der Remise vum Scheck alle Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Spende wéi dës erméiglechen et der Fondatioun, hir Missioune weiderhin ze realiséieren. Dorënner fält virun allem d'Informéieren, d'Hëllefen an och d'Fuerschung.
Am meeschte gelies