D'Beefort Knights aus dem Äishockey huet ee Stick vun der Ekipp ënnerschriwwen a fir d'Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag versteeë gelooss.

D'Schreiwes vun der Blëtz a.s.b.l.

E ganz grousse Merci un de Serge Giuliani, de Claude Mossong, Kapitän vun de „Beaufort Knights“, an déi ganz Äishockey-Equippe, déi ee vun hire Sticken ënnerschriwwen a fir Blëtz a.s.b.l. versteet hunn! Ganzer 550 Euro sinn hei fir d’a.s.b.l. zesummekomm, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt.

D’Trésorière vu Blëtz, d’Nicole Backes-Walesch, hat den 30. November net nëmmen déi immens Éier, de Scheck entgéint ze huelen, mee och de Match tëscht de Beaufort Knights an Haskey Hasselt ze erëffnen. 

RTL

© Romain Ney