5.000 Euro fir d'Fondation Cancer

Dëst Joer war déi 6. Editioun vum Relais du Rire am Centre culturel Aalt Stadhaus zu Déifferdeng!
Den Alex Monteiro, deen zënter 6 Joer den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt, huet och dëst Joer nees de Relais du Rire fir de gudden Zweck organiséiert.
Fir dës Editioun hat den Alex Monteiro e spannende Programm zesummegestallt, mat Stand-up, Improvisatioun, Magie a Gesang. Op der Bün hunn d'Komiker Chinoa, Cindy Oliveira, Nikky Lee a Shayan, den Improvisatiounstrupp Les Ons an de Magier Stéphane Gehin dem Publikum en onvergiesslechen a lëschtegen Owend gebueden.
Wéi och déi läscht Joren, ass den Erléis vun dësem Standup-Event integral un d’Fondation Cancer gespent ginn. D’Komiker verzichten all op hier Gage. Esou koum déi generéis Zomm vun 5.000 € zesummen.
D’Präsidentin vun der Fondation Cancer, Dr. Carole Bauer, huet dem Alex Monteiro, senger Schwëster Silvia, an alle Kënschtler häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement a fir dësen amüsanten Owend. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer weiderhi gratis Offere fir Patienten an hir Familljen unzebidden.