3.279,19 Euro fir d’Fondation Cancer

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Elterevereenegunge vun der portugisescher Schoul vun Ettelbréck an Dikrech zesumme mat hire Schüler an de portugisesch Enseignant’en och dëst Joer hir Ënnerstëtzung fir d'Fondation Cancer widderholl.
Duerch d'Organisatioun vun engem Stand zu Ettelbréck wou Kaffi a Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng Spend vun 3 279,19 € sammelen.
"D'Essenz vum Liewen ass aneren ze hëllefen.", seet d’Clara Santos, portugisesch Enseignante, am Numm vun alle Schüler, vun der ganzer Elterevereenegung vun Ettelbréck souwéi vun der Elterevereenegung vun der portugisescher Schoul zu Dikrech.
D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste. Dëse generéisen Don erméiglecht der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.