Am Kader vun der Initiativ Movember huet de Coiffeurssalon Adikt Barber vum Belval an aus der Stad Sue gesammelt, fir den Engagement vun der Fondatioun Cancer ze ënnerstëtzen.

Am November hat Adikt Barber eng Solidaritéitsaktioun am Kader vum sougenannte "Movember" an d'Liewe geruff. Fir all Client, dee wärend dësem Mount fir d'Hoer, de Baart oder de Schnurres bei Adikt Barber komm ass, gouf et d'Méiglechkeet, een Euro ze spenden. Am Ganzen hu sech 2.677 Clienten un der Aktioun bedeelegt, sou datt um Enn eng Zomm vun 2.677 Euro zesumme komm ass, déi der Fondation Cancer am Salon um Belval konnt iwwerreecht ginn.

Bei der Scheckiwwerreechung huet d'Claudia Gaebel, Responsabel bei Fondation Cancer vum Departement Informatioun, Kommunikatioun  Fundraising, der ganzer Ekipp vun Adikt Barber häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.