D'Schreiwes vu Fondation Cancer

Mataarbechter vun ING Luxembourg a Gedanken un d’Blanche Verdet
2.671 € fir d’Fondation Cancer
 
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober hunn d’Mataarbechter vum Departement ING Legal eng Solidaritéitsaktioun op d’Bee gestallt. Duerch d'Organisatioun vun engem Stand wou Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng Spend vun 2.671 € sammelen.

« Meng Mamm ass virun 2 Joer u Broschtkriibs gestuerwen. Well an eiser Famill méi Fäll vu Broschtkriibs opgetruede sinn, ginn ech als Persoun mat erhéichtem Risiko ugesinn a ginn all 6 Méint medezinesch iwwerwaacht. Déi gréissten Erausfuerderung bei dësem Typ vu Kriibs ass, e fréi genuch z’entdecken, an ech fannen et wichteg, d’Leit – net nëmmen d’Fraen – op dëst Thema opmierksam ze maachen. », seet d’Laure Verdet, Senior Legal Advisor bei ING Luxembourg, a Gedanken u seng verstuerwe Mamm Blanche Verdet.

D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Mataarbechter vun ING Luxembourg déi dës Aktioun ënnerstëtzt hunn häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste. Dëse generéisen Don erméiglecht der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.