D'Schreiwes vu Unity Foundation

Ugangs Dezember huet de Konviktsgaart, am Kader vun hierem Krëschtdagsmaart, dem Här Fernand Schaber, Präsident vun Unity Foundation e generéise Scheck vun € 2.000,00 iwwereecht. Den Här Schaber huet dem Personal, de Résidents, souwéi dem Direktor, dem Här Marcello Loguercio am Numm vun der Fondatioun e grouse Merci ausgeschwaat.
 
Well de Konviktsgaart e Liewensraum ass deen sech op Wäerter baséiert, déi och de Pilier vun der Struktur sinn (Mënschlechkeet, Empathie, etc.), hunn d'Leit vum Konviktsgaart d'Philosophie vun den Entwécklungshëllefsprojeten an d'Aktivitéiten zu Lëtzebuerg mat jonke Leit vun Unity Foundation appréciéiert. Doropshinn ass hir Waal fir d’Ënnerstëtzung vun 2024 ganz selbstverständlech op Unity Foundation gefall.