De Pressecommuniqué

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Association Divulgation et Intervention Éducative (ADIE asbl) vun Esch och dëst Joer nees den Engagement vun der Fondation Cancer ënnerstëtzt.

Duerch déi alljärlech Organisatioun vun engem Stand an der Escher Foussgängerzon wou Kaffi a Kuch verkaf ginn ass, konnten si eng generéis Spend vun 2 226,82 € sammelen. Dësen Don erméiglecht der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.

« Pour lutter contre la maladie, il y a une force qui guérit, la solidarité d'un engagement d'amour, qui naît du cœur de nos petits et grands enfants! », seet d’Christina Gomes de Oliveira am Numm vun der Vereenegung ADIE asbl.

D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun wärend der Scheckiwwereechung op hirer Chrëschtfeier am Centre Culturel Kulturschapp häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste.