Am Kader vun der Initiativ Movember huet de Léo Rise d’Burlesque-Show "The Blue Moustached Ball" fir de gudden Zweck op d’Bee gestallt, fir esou op Männerkrankheeten opmierksam ze maachen an den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
 
Op dësem Solidaritéitsevent, wou jiddwereen invitéiert war, blot Gezei an Accessoiren unzedoen, konnt een déi glamouréis Show vun de talentéierte Burlesque-Kënschtler Ze Flying Willy, Gin Moustache, Arthur Lightstone, Anna Venture, Seraphine Mirage a Léo Rise bewonneren.

Den Erléis vun der Show ass integral un d’Fondation Cancer gespent ginn. Dobäi hunn alleguer d’Kënschtler op hir Gage verzicht an déi generéis Zomm vun 1.485 € koum esou zesummen.
 
"L'art du burlesque comme divertissement prend tout son sens en véhiculant des messages et en brisant des tabous dans notre société. Lors de cet évènement nous avons voulu sensibiliser le public autour de la santé des hommes, les cancers masculins bien entendu, mais aussi le bien-être et l’épanouissement", sou de Léo Rise, Burlesque Show-Produzent an Artist.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.