Solidaritéitsevent zu Kënzeg
1.150 € fir d'Fondation Cancer

D'Schreiwes vu Fondation Cancer
Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober huet d’Hilda Raffaelli e Solidaritéitsevent zu Kënzeg organiséiert fir d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen.
D’Visiteuren haten d’Méiglechkeet selwergemaachen Heekel- a Stréckkreatioune, awer och nach aner flott Verkafsstänn ze bewonneren. Den Erléis vun dësem Event vun 1.150 € ass integral un d'Fondation Cancer gespent ginn.
D'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet den Organisateurinnen Hilda Raffaelli, Rita Presciutti a Luciana Lucchini wärend der Scheckiwwerreechung häerzlech Merci gesot. Dës Aktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.
Am meeschte gelies