Hei d'Schreiwes vum Compass Group:

Am Kader vum Broschtkriibsmount Rosa Oktober, huet sech Compass Group Luxembourg dozou decidéiert, den Engagement vun der Fondation Cancer ze ënnerstëtzen, andeems si den Erléis vun hire Briosche-Verkafsstänn integral un d’Fondation Cancer gespent hunn. Duerch dës Solidaritéitsaktioun konnt Compass Group eng generéis Zomm vu 1.367,50 € sammelen.
 
« Soutenir la Fondation Cancer dans le cadre d’Octobre Rose est une manière pour nous de transformer nos valeurs en actions concrètes et de participer à un mouvement de solidarité contre le cancer du sein. Contribuer à cette initiative reflète notre engagement à soutenir des actions qui font progresser la recherche et apportent une aide précieuse aux personnes touchées. », seet d’Adeline Kazek-Merck, Operational Marketing Manager bei Compass Group Luxembourg, am Numm vun alle Bedeelegten.
 
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, dem Martine häerzlech Merci gesot fir hiert Engagement. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.»