Fläisseg Hänn vum Club Haus beim Kiosk vu Schëffleng bitzen Häerz-Këssen géint de Broschtkriibs

Lëtzebuerg, de 28. Januar 2025.

Am Januar 2025 hunn d’Fläisseg Hänn vum Clubhaus beim Kiosk Schëffleng een Don vun iwwer 500 Euro un Europa Donna Lëtzebuerg iwwerreecht. Dëse Montant koum aus dem Verkaf vun hire klengen Häerz-Këssen fir den Autosgurt an aus hiren Chrëschtdekoratiounsartikelen.

Wat sinn d’Fläisseg Hänn?

D’Fläisseg Hänn engagéieren sech aktiv a verschiddene sozialen Initiativen an hu solidaresch Missiounen. Ënnert der Leedung vun der Marie-Jeanne Claude trëfft sech de Grupp vun de Fläissegen Hänn eemol d’Woch am Clubhaus beim Kiosk, wou si a geselleger Ronn kreativ schaffen. Dëst no hirem Motto: “Zesumme bitzt et sech besser a vill méi flott”.
Regelméisseg steet eng nei a spannend Bitz- oder Handaarbechtsaktivitéit um Programm, an all Generatioun ass an dësem Grupp vertrueden.

Zousätzlech liwweren si hir speziell Häerz-Këssen ëmmer nees un de Service Onkologie vum CHEM, fir Patienten an hiren haardsten Zäiten Ënnerstëtzung a Komfort ze bidden.

En Engagement fir eng essentiell Saach

Dëse Geste ënnersträicht d’Engagement vum Club activ plus vu Schëffleng an  de Fläissegen Hänn bei der Ënnerstëtzung vu betraffene Patienten. Hinnen e grousse Merci !
 
Copyright Fotoen: Clubhaus beim Kiosk, vu lénks no riets: Joelle Floener, Chargée de direction CHBK; Astrid Scharpantgen, EDL; Marie-Jeanne Claude, Responsabel bénévole vun de Fläissegen Hänn.