"Schëtter Kulinaria 2024"
Jeeweils 1.200 Euro fir fënnef verschidden Associatiounen

De 6. Februar 2025 kruten Omega 90“, „ELA Luxembourg asbl“, „Darkness Into Light Luxembourg“, „CAPAT - Cercle de patients“ an „Schëtter Hëlleft” e Scheck vu jeeweils1.200€ iwwerreecht. Dës Done resultéieren aus dem Erléis vun Nationalfeierdag 2024, wou Bierger*innen aus der Gemeng Schëtter kulinaresch Stänn aus 8 verschiddene Länner bedriwwen hunn. Mat vill Léift hu si national an international Spezialitéiten ugebueden an d’Visiteuren esou op eng kulinaresch Weltrees geschéckt.
D’Associatiounen, un déi den Erléis gaangen ass, goufe vun de kulinaresche Gruppe proposéiert.
Am meeschte gelies