D’Mataarbechter*inne vun der Gemeng Schëtter hunn och lescht Joer nees fräiwëlleg op hire Kaddo vum Enn vum Joer verzicht a fir de gudden Zweck gespent. E Scheck an Héicht vu jeeweils 750€ gouf un de Berodungsservice “Kanner- a Jugendtelefon” gespent souwéi un d’A.s.b.l. “KeNaKo”, déi sech fir Kanner a südafrikaneschen Townships asetzt. Mir si frou, op dës Manéier deene Leit hëllefen ze kënnen, déi op eis Ënnerstëtzung ugewise sinn.