8.000 Rouse fir Passanten an der Stad Lëtzebuerg

© Brain & More
D'Schreiwes
E Mier vu Rousen a Laachen an de Stroosse vu Lëtzebuerg
Haut schléit d'Häerz vu Lëtzebuerg am Rhythmus vu Vältesdag. Zanter de Mueren entdecken d'Passante mat grousser Iwwerraschung a Freed aachtdausend Rousen, déi spontan an der Stad verschenkt ginn. En einfache Gest, eng Opfuerderung, an eisem hekteschen Alldag e klengt Laachen an en duusse Moment mateneen ze deelen.
An enger Zäit, wou alles un eng Transaktioun gebonnen ze si schéngt, stellt dës Initiativ dat Mënschlecht an d'Generositéit nees an de Mëttelpunkt. Mat GiGA LOVE luet Eltrona dozou an, e Gang erofzeschalten, kuerz stoenzebleiwe fir ronderëm sech ze kucken, eng kleng Attentioun, déi näischt als Géigeleeschtung verlaangt, ze verschenken oder entgéintzehuelen. Eng Manéier, fir drun z'erënneren, datt Vältesdag net nëmmen e kommerziellt Fest ass, mee och eng gutt Geleeënheet, fir Verbindungen ze schafen, fir en einfacht an éierlecht Gefill ze deelen.
An esou verwandele sech d'Stroossen a Plazen zu Lëtzebuerg an eng lieweg Kuliss fir sech ze begéinen an Emotiounen ze deelen. D'Bushaisercher presentéiere sech mat Rousenhäerzer, e schéinen, duusse Liichtbléck matten am Häerz vun der Stad. Eng interaktiv Mauer aus Rouse luet d'Passanten an, e Moment festzehalen an engem aneren ze schenken. Et reent Rouseblieder, déi eisen Alldag an d'Stad mat engem onerwaarte Moment vu Poesie erwächen. En delikaten Doft läit an och der Loft, gedroe vun enger mat Rouse parfüméierter Annonce an enger Zeitung, eng sensoresch Erfarung déi de Moment iwwer de Gest eraus verlängert.
De ganzen Dag iwwer gi Rousen op e puer strateegesche Plaze verdeelt. Schonn um fréie Muere kruten d'Passanten op der Stater Gare déi éischt Blummen ausgedeelt. Géint Mëtteg haten dunn d'Visiteure vun der Cloche d’Or a vum Auchan um Kierchbierg d'Geleeënheet, d'Ekippe vun Eltrona ze begéinen. An am spéiden Nomëtteg waren dann den Hamilius an den Tram hirersäits d'Bün fir dës onerwaart Schenkaktioun.
GiGA LOVE ass eng Marketingaktioun, déi op engem authenteschen emotionalen Erliefnes an engem éierleche Gest berout. Et geet virun allem drëm, sech ze begéinen, matten op der Strooss e klengt Laachen auszetauschen, eng kleng Opmierksamkeet, déi Liicht an den Dag bréngt. En einfache Gest, deen eng Verbindung schafen, Emotiounen ervirruffen an zu engem Moment vum Deelen aluede soll.
„Dës Aktioun geet wäit iwwer eng einfach Campagne eraus: Et ass eng Erfarung, déi Leit zesummebréngt. Mir verschenke Rousen a schafen domat eng direkt a spontan Verbindung zu de Passanten, wärend eis innovativ Supporten d'Emotioun an den Engagement verstäerken. Eng einfach an transparent Approche, genee ewéi Eltrona selwer, déi eis Manéier fir ze
kommunikéieren nei erfënnt an eis Verbindung mat de Leit stäerkt“, erkläert de Steve Deneef, Head of Marketing & Communication bei Eltrona.
Awer doriwwer eraus ass et d'Magie vun den Interaktiounen, déi den eigentleche Sënn vun dëser Initiativ ausmécht. Eng Rous, déi een engem Onbekannte gëtt, e Laachen, dat tëscht zwou Persounen ausgetosch gëtt, e Souvenir fir matzehuelen.
„Lancéiert gouf dës Initiativ, fir d'Häerz vun de Passanten z'erwiermen, mee virun allem fir e Kontakt ze schafen, deen an Erënnerung bleiwe wäert. Eng Mark muss ëmmer am Kapp behalen, wéi wichteg et ass, eng authentesch Verbindung mat hire Clienten opzebauen. Mat dëser Aktioun ass et Eltrona gelongen, all Eenzelen éierlech an emotional unzeschwätzen“, ënnersträicht d'Luana Mantrisi, Marketing & Communication Officer bei Eltrona.
Haut begéinen d'Lëtzebuerger op hirem Wee eng Rous, e klengt Laachen, e Moment fir ze deelen. Well och en einfache Gest kann duergoen, e bësse Liicht an den Dag ze bréngen an eng dauerhaft Verbindung ze schafen.
Iwwer Eltrona
Eltrona ass zanter 55 Joer zu Lëtzebuerg en onëmgänglechen Acteur amTelekommunikatiounsberäich, dee Privatleit, Betriber a Gemenge mat innovative Léisunge begleet. Als Pionéier vum Kabelfernsee huet den historesche Bedreiwer seng Offer no an no mam Héichgeschwindegkeets-Internet a mat Festnetz- a Mobiltelefonsdéngschter erweidert.
Eltrona verfüügt iwwer en eegent Hybrid-Netz (Glasfaser/Koax) a stellt zanter September 2023 mat hire GiGA-Offeren de Marché op d'Kopp: einfach, leeschtungsfäeg Léisungen, ouni Engagement an All-inclusive-Tariffer, déi op d'mannst 24 Méint garantéiert sinn. Eng kloer an transparent Approche op engem dacks komplexe Marché! Mat hiren iwwer 130 Mataarbechter zu Lëtzebuerg setzt Eltrona sech all Dag dofir an, hire Clienten en tadellose Service an déi bescht Léisungen am Telekommunikatiounsberäich ze bidden.