Fraen a Chorale Ste Cécile Weiler-Hassel
5.000 Euro fir CARE Lëtzebuerg

© CARE Luxembourg a.s.b.l.
E grousse Montant, deen op dem Engagement wärend enger ganzer Rei klenger a grousser Aktiounen an der Gemeng zeréckgeet.
An der leschter Woch waren et d'Fraen Weiler-Haassel, déi d'Aarbecht vu CARE fir de Schutz vu Meedercher am Niger géint Kanner-Bestietnesser, Gewalt a fréi Schwangerschafte mat engem generéisen Don vu 4.500 € ënnerstëtzt hunn.
D'Chorale Ste Cécile Weiler-Hassel huet nach eng Kéier 500 € dobäigesat, sou dass et insgesamt 5.000 € gi sinn.
Am meeschte gelies