Schreiwes vun der Fondation Cancer

D’Martine Horsmans widmet en Deel vun hirer Fräizäit, fir mat Stoffobjeten aus nohaltege Materialien d'Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Am Gedanken un eng léif Frëndin, huet si 2023 e solidaresche Bitzprojet gestart, wou d’Sue vum Verkaf gesammelt gi fir Mënschen ze hëllefen, déi vu Kriibs betraff sinn.

Mat hirem Talent an der Generositéit vun deenen, déi si ënnerstëtzen, konnt si 3 971 € un d’Fondation Cancer spenden. Dës Donen erlaben der Fondation, hir wichteg Missioune weiderzeféieren : Patienten ze begleeden an d’Fuerschung géint de Kriibs ze finanzéieren. Eng flott Solidaritéitsaktioun, déi d'Kraaft vum Zesummenhalt weist.  
 
D’Direktesch vun der Fondation Cancer huet der Madame Horsmans häerzlech Merci gesot fir hire generéisen Don.