Offiziellt Schreiwes

Viru Kuerzem huet de Club Aktiv Plus Stroossen eng Donatioun vu 650 € un Europa Donna Lëtzebuerg iwwerreecht, eng Associatioun, déi sech fir de Kampf géint Broschtkriibs asetzt. Dës Donatioun staamt aus de Fongen, déi bei verschiddenen Aktivitéiten, déi de Club am Laf vum Joer organiséiert huet, gesammelt goufen.

D'Initiative vum Club baséieren op der Fërderung vu soziale Kontakter, dem liewenslaange Léieren, dem intergenerationellen interkulturelle Dialog an dem Encouragement fir sozial Participatioun.

Eppes fir eng wichteg Saach maachen
Dëse Projet illustréiert perfekt d’Wäerter déi mir deelen:  (ech hunn dee Komma wech gemat)
 « Aktiv a sozial verbonnen ze bleiwen, ass wichteg fir d’Gesondheet an all Alter. »

Mir soen de Memberen vum Club Aktiv Plus Stroossen e grousse Merci fir hir Generositéit an Ënnerstëtzung. Duerch dës Donatioun kann Europa Donna Lëtzebuerg d’spoins de support, déi si ubidden, déi déi klassesch Broschtkriibstherapien ergänzen, weider ausbauen. Dës Moossname si geduecht fir Patienten, déi vun der Krankheet betraff sinn, ze entlaaschten an z’ënnerstëtzen.