De 24. Februar ass d’Blëtz a.s.b.l., déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, vun de „Fraen a Mammen Schëtter“ invitéiert ginn. D’Nicole Backes-Walesch an d’Karin Magar-Klein hu Blëtz sur Place vertrueden.

D’Blëtz a.s.b.l. seet dem Veräin net nëmmen häerzlech Merci fir de generéisen Don an der Héischt vun 3.500 Euro, mee och fir seng Ënnerstëtzung am Laf vun de leschte Joren.