12.000 Euro fir d’Fondation Cancer gespent

Den 27. September 2024 huet d’Rockhal eng nei Editioun vum Rock Against Cancer empfaangen, e Benefizconcert, dee vun den Employéen a Benevollen vu Swiss Life organiséiert gouf. Dank hirer Mobilisatioun konnt en Don vu 12.000 Euro un d’Fondation Cancer iwwerreecht ginn.
Zënter 2013 verbënnt dës Manifestatioun Musek a Solidaritéit a bréngt Mataarbechter zesummen, fir e gemeinsame Projet ze realiséieren. „Mir wollten d’Energie vun eise Benevollen sammelen, fir zesummen, onofhängeg vun eiser Roll oder Hierkonft, un engem Projet mat engem reellen Impakt ze schaffen. Well mir all, op déi eng oder aner Manéier, vum Kriibs betraff kënne sinn, hu mir decidéiert, d’Fondation Cancer mat enger konkreter Aktioun z’ënnerstëtzen,“ erkläert d’Organisatiounsteam.
Bei dëser Scheckiwwerreechung huet d’Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Organisateuren, d’Benevollen an de Publikum häerzlech fir hiren Engagement an hir Generositéit bedankt. Si huet d’Wichtegkeet vun esou Initiativen ervirgehuewen, well se et erméiglechen, konkret Aktiounen an de Beräicher Patientenënnerstëtzung, Präventioun a Fuerschung ze finanzéieren.