BPI Real Estate Luxembourg ënnerstëtzt d'Fondation Cancer iwwer d'Heroes for Good Foundation.

De Pressecommuniqué

Fir dat zweet Joer hannereneen huet BPI Real Estate Luxembourg decidéiert, d’Fondation Cancer duerch d’Fondation Heroes for Good, déi vum Grupp CFE gegrënnt gouf, ze ënnerstëtzen.

"Am Joer 2024, huet eise Groupe CFE d'Fondation Heroes for Good gegrënnt, mat der Missioun, konkret eppes ze bewierken an e positiven Impakt ze hunn. An deem Kader goufen all eis Mataarbechter invitéiert, Sujeten, déi hinnen um Häerz leien, anzereechen, an dräi verschiddenen Beräicher: Bildung, Gesondheet a sozial Integratioun. Scho fir dat zweet Joer hannerteneen huet d'Ekipp vun BPI Real Estate Luxembourg sech dozou decidéiert d’Fondation Cancer ze ënnerstëtzen. Well jidderee – op déi eng oder aner Manéier – vun dëser Krankheet betraff ass, hu mir decidéiert, eisen Don fir d’Ënnerstëtzung vu betraffene Patienten ze notzen. Mir hoffen, dass eise Bäitrag eppes bewierke kann an de Betraffenen hëlleft.“, seet d’Alexandra De Man-Machot, Ambassadrice vun der Fondation Heroes for Good zu Lëtzebuerg.

D’Direktesch vun der Fondation Cancer, d’Margot Heirendt, huet alle Bedeelegte vun dëser Aktioun häerzlech Merci gesot fir dëse Solidaritéits-Geste. Dëse generéisen Don gëtt vun der Fondation Cancer genotzt fir weiderhi Patienten an hir Famillen am Alldag ze ënnerstëtzen.