Blog 20: Ecuador (Deel 2)

De Schmisi start dëste Kéier zu Banos, der Spillwiss vun Ecuador, éier et weider geet op Fundecopia a Puyo.
No der Woch „Héicht“ hat ech mol nees Loscht op manner wiesselhaft Wierder, wat munchmol och fiichtkal war. Also goung et erof op 1800m, op BANOS, der Spillwiss vum Ecuador. Spillwiss ? Hä, verstinn ech net.
Ganz einfach : Zu Baños kann een Rafting, Trekking, Reiden, Canopying a Canoying man!
Zu deem ass Baños „d'Dier“ zum El Oriente, dem ecuadorianesche Dschungel.
Schonns zu Monteverde (Costa Rica) hat ech mam Gedanken gespillt, Canoying oder Repelling ze man; also dat ass sech ofseelen vun den Waasserfäll.
An Costa Rica war just de Problem dass een keen Neopren kritt hätt vir sech e bëssi virum kale Waasser ze schützen. Mä duerfir hat dat zu Baños geklappt. 4 Stonnen dauert de Spaass an et ass ee frou dass een de Neopren hat.
Vir Baños an d'Géigend ronderëm e bëssi kennenzeléiren fiert een mat engem Touristebus laanscht „Ruta de las Cascadas“ (De Wee vun de Waasserfäll). Owes fiert de selwechte Bus (mat Partymusek a Beliichtung) erop op de Mirador (also den Aussiichtspunkt), wou vu een erof op Baños ka kucken an eng kleng (gratis) Drëpp offréiert kritt.

De Bus deen laanscht Waasserfäll tuckert, bleift och bei ville kleng Attraktiounen stoen: Seelbunnen vun wou aus een kann Fotoen man, Canopying (also mat enger Pulli iwwert den Dall rutschen) an e bëssi Bungeejumping praktizéieren. A falls mol kee Bock op Action sollt sinn, kritt een zu Baños och allerlee Zorten vu Massagen ugebueden.
Den Dschungel ass nëmmen e Kazesprong ewech. Ech hat mech bei enger klenger Kommunitéit ugemellt, FUNDECOPIA, déi Ausflich an ARUTAM Reebësch (Reservat) organiséiert.
Fir de President vun der Associatioun ze treffen, sinn ech op PUYO gefuer, dunn goung et nach annerhallef Stonn weider. Do am sekondäre Bësch hat ech 1 Iwwernuechtung, ier et den Dag drop mam Dagesrucksak vir 3 Deeg an de déiwe Dschungel goung; déi eenzeg Schong, déi ech konnt undoen, waren Stiwwelen wéinst dem Bulli. Mä souguer mat de Stiwwelen war et sauer: Permanent konnt een stieche bleiwen, ëmkippen, well et glëtscheg war. Mol goung et duerch Leembuedem erop, mol eng Baach erof; an dat 3 Stonnen laang.
Ech hätt gären Fotoen gemaach, mä well et erof geseecht hat an engem Stéck war et quasi onméiglech de Fotoapparat eraushuelen.
No dësem Foussmarsch koumen mir dunn matzen am Reebësch – bei der indigener Famill – un.

Och dëst ass en Erliefnes: keen Elektresch ze hunn! Doduerch kritt een e ganz aneren Dagesrythmus. Wann et um 19 Auer däischter war, ass een géint 21 Auer schonn schlofe gaang.
An ech hunn enger ganz puupnormaler Hütt gehaust, owes just d' Geräischer vun den Déieren ronderëm mech.
Ech konnt och leider net esouvill Fotoen man wei ech wollt, well mäin Akku (vum Apparat) keng 3 Deeg riicht duerch hält.
Vir sou authentesch wéi méiglech ze liewen, proposéiert de Jorge, de Familljepapp, nëmmen Iessen aus dem Dschungel ze konsuméieren. Do gëtt et net vill Ofwiesslung; villes dréit sech ëm Yuccaplanz. A säit e puer Méint – mat der Hëllef vun Fräiwëllegen – baut en och anerer Iesssaache un. Dat wieren Mais, Banannen, Bounen a souguer Tomaten.
Wat drénke betrëfft, steet virun allem Chicha (ass e bëssi ewéi Béier a besteet aus dem Jus vun verschiddenen Planzen) bei den Eenheemeschen um Programm. D'Reewaasser gëtt och als Drénkwaasser benotzt, Touristen kréien et awer ofgekacht.
Ech konnt mech och am Bloosrouerschéissen an am Späerwerfen probéieren.
De Jorge huet mir och verschiddene Planzen a hir Wierkung erklärt, do gëtt engem kloer dass den Amazonas eng riseg Apdikt ass. Mech huet beispillsweis eng Planz faszinéiert, déi bei der Heelung vun engem Broch agesat gëtt!
Natierlech sech eenzeg an alleng vum Kascht aus dem Reebësch ze ernieren ass och eng Konscht!
Vir de Programm ofzeschléissen huet de Jorge an de seng Famill owes e kleng indigene Danz presentéiert (well mäin Akku schwaach, konnt ech leider net festhalen).

A wann mol net eraus konnt goen, hu mir Kaarten gespillt, ech hat nämlech UNO matgeholl; dat war fir si eppes komplett Neies.
Fréier, sou sot mir de Jorge, huet hien och wahllos d'Beem ëmgeschloen, mä dunn huet säin eelsten Jong an der Schoul geléiert dass d'Natur esou net laang méi iwwerliewen kéint, an hien huet ugefaangen ëmzedenken. Säi Reebëschstéck huet eng Gréisst vun 150 ha. Offiziell ass hien nach net de Eegentemer, dofir feelt him de Goss. D'Regierung denkt staark driwwer no en Deel vum Bësch ze fällen an Äerdueleg ze „förderen“ :( .
De leschten Dag huet ech dunn nach mam Guide, also dem Tio (dem Präsident sengem Brudder) verbruecht. Hien huet och schonns ugefaang sech eng kleng Baraque am Dschungel ze bauen; net wäit ewech vun engem Waasserfall. An vir bei dëse Waasserfall ze kommen, muss een den Hiewel erof krackselen. Et gëtt eng Regel bei den Indigeenen: Waasserfäll sinn fir si helleg, a nëmmen wann en Waasserfall schwéier zougänglech ass, wunnt och en Geescht dran.

No 3 Deeg baussent der Zivilisatioun sinn mir nees zeréck getrampelt, glécklecherweis ouni Reen des Kéier. An dunn hunn ech per Zoufall materlieft, wei et sech unhéiert wann e Bam ëmgehae gëtt; do leeft et engem kal de Réck erof.....net flott!