D'Zeremonie vun der Scheckiwwerreechung un déi dräi Associatiounen den 1. Abrëll war e Moment voller Emotiounen an Dankbarkeet.

Schreiwes:

D'Spende koumen aus dem Verkaf vun den Adventskalenneren, déi wéi all Joer e grousse Succès haten. D'Fräiwëlleger vun den Associatiounen hunn d'Wuert geholl, fir hir Dankbarkeet auszedrécken. All Scheck huet eng konkret Ënnerstëtzung fir hir jeeweileg Missiounen duergestallt, egal ob et ëmnd'Ënnerstëtzung vu jonke Leit a Schwieregkeete geet  (Fondation EPI - vertrueden duerch D'Madamm Patricia Murrell an den Här Patrick Hannen), d'Hëllef fir Leit ouni medezinesch Versécherung (Médecins du Monde - vertrueden duerch den Här Bernard Thill), oder de Kampf géint de Kriibs (Action Lions Vaincre le Cancer - vertrueden duerch den Här Frank Beck). Dës Iwwerreechung vun de Schecke war also eng Geleeënheet, d'Solidaritéit an d'Generositéit ze feieren.