D’Schüler aus enger Ofschlossklass vum Lycée Nic-Biever zu Diddeleng hu beschloss, d’Fondation Cancer mam Projet HO HO HO Cookies z'ënnerstëtzen.
 
Am Dezember hunn si selwergemaache Kichelcher am Shoppingzenter Cloche d’Or verkaaft. Mat vill Engagement konnten si déi generéis Zomm vu 417,82 € sammelen.
 
„Am Kader vun eisem Schoulprojet hu mir geléiert, dass och e klengen Akt, wéi de Verkaf vu Kichelcher, e grousse Solidaritéitsgeste ka sinn. Mat eiser Aktioun HO HO HO Cookies wëlle mir d’Fondation Cancer ënnerstëtzen, d’Leit zesummebréngen, Bewosstsi schafen an eise klenge Bäitrag zu enger wichteger Saach leeschten.“, soen d’Schüler aus dem Lycée Nic-Biever.
 
Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, de bedeelegte Schüler häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.