5.000 fir d'Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn ASA
D'Schreiwes
Amicale Pompjeeën Préizerdaul spenden 5 000 Euro fir ASA
Préizerdaul: Et ass schon zënter Joeren eng schéin Traditioun bei der „Amicale Préizerdauler Pompjeeën“ fir en Deel vum Erléis vun hiren jährlichen Aktivitéiten, fir engt gut Wierk ze spenden. Dest Joer huet de Komitee sech entscheed, fir der „Amicale vun der Schoul fir Assiszenhonn“ (ASA) mat ëmmerhin 5 000 Euro ze ënnerstëtzen.
Verbonnen mat engem grousse Merci hun d’Tessy Ruppert an d’Romy Schmit dese Scheck gaeren entgéint geholl. Desweideren hun si d‘Aufgabegebidd vun ASA am Detail erklärt, wéi a wou d’Assistenzhonn ausgebild gin, fir se duerno hun di Mënschen weider ze gin, wou de Mupp fir si eng wonnerbar Hëllef fir di Menschen mat enger Behënnerung duerstellt. Desweideren ass op d’Aktioun, e Stopp fir de Mupp higewisse gin, fir och weiderhin Plastikstöpp an neierdings och Korkstöpp ze sammelen fir de finanziell Ënnerstëtzung fir d’Uschaafung vun engem Mupp och an Zukunft weiderhuin ze garantéieren. (CR) Dess Scheckiwerreechung ass dest Joer am Kader vun der 1. Meefeier am Préizerdaul erfollgt