De Porsche Classic Club Lëtzebuerg besteet elo säit méi wéi 25 Joer. An dëser Vereenegung sinn 220 Membere, déi alleguer Besëtzer vun engem oder méi klasseschen Autoen vun der Mark Porsche sinn.

Reegelméisseg organiséieren déi Verantwortlech Manifestatiounen, wou dann zesummen een Tour gefuer gëtt a meeschtens duerno bei engem klengen Iessen iwwert Bensinn geschwat gëtt an deen een oder anere gudde Rot getosch gëtt.

D'lescht Joer stoung ganz am Zeeche vun der 25-Joer-Feier an dofir gouf sech extra vill Méi gemaach, fir vill a flott gemeinsam Sortien ze proposéieren. Schonn am Virfeld vun dëse Manifestatiounen hate sech Membere vum Comité zum Zil gesat, dass de ganze Benefice géif u verschidden Organisatioune gespent ginn, déi op d’Hëllef vu baussen ugewisen sinn. Schnell war kloer, dass dobäi d’Kanner sollten am Mëttelpunkt stoen. An esou konnte kierzlech bei enger klenger Feier am Porsche Zenter Roost insgesamt 15.000 € verdeelt ginn.

De President Marc Olsem huet sech eng Freed gemaach, am Numm vum PCCL dräi Schecke vun all Kéier 5.000 € u folgend Organisatiounen ze iwwerreechen, an zwar: Hëllef fir de Puppelchen, Scap an Île aux Clowns.