OneLife huet eng Initiativ lancéiert, fir d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen: Duerch eng intern Verkafsaktioun vun OneLife-Goodies, hu Mataarbechter bannent der Firma Spenden zesummegedroen.

Dës Solidaritéitsaktioun huet et erméiglecht, 1.000 € ze sammelen. D'Kiischt um Kuch: D'Direktioun vun OneLife wollt d'Initiativ vu senge Mataarbechter ënnerstëtzen an encouragéieren, andeems de gesammelte Betrag vun hinne verduebelt ginn ass. Esou konnt déi generéis Zomm vun 2.000 € der Fondation Cancer gespent ginn.

„Zanter bal 35 Joer si mir als Versécherungsgesellschaft zu Lëtzebuerg aktiv an et läit eis um Häerz, eis lokal ze engagéieren. Mir ënnerstëtze gären Initiativen, déi sech fir d’Gesondheet an d’Integratioun vun all Mënsch an eiser Gesellschaft asetzen. Dës Spendenaktioun an eis Participatioun um Relais pour la Vie 2025 si Beispiller vun eisem Engagement – mir wëlle weiderhin eise Bäitrag am Kampf géint de Kriibs leeschten.“, seet de Bruno Valersteinas, CEO vun OneLife.

Wärend der Scheckiwwerreechung huet d'Margot Heirendt, Direktesch vun der Fondation Cancer, all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer, hir Missioune weider ze realiséieren: informéieren, hëllefen an d'Fuerschung ënnerstëtzen.