Dëst Evenement hat zum Zil, d'Relatiounen tëscht der Arméi an der Police, mee och mat de weideren Invitéen aus dem militäreschen an dem ziville Beräich, ze stäerken.

Ënnert dem Haut-Patronage vum Grand-Duc hunn de Chef d’État-Major vun der Arméi, de Generol Steve Thull, an de Generaldirekter vun der Police Grand-Ducale, de Pascal Peters, den 29. Mäerz 2025 op de Bal des Officiers am Cercle Cité an der Stad invitéiert.

Wärend dësem Owend a mat weidere Spende vun der ACSP (Association du cadre supérieur de la Police) an APOL (Association professionnelle des Officiers luxembourgeois), sinn am Ganze 7.500 Euro zesummekomm, déi un d'Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse gespent gi sinn.

D'Organisateure soen och e Merci un d'Stad Lëtzebuerg fir d'Mise à disposition vum Cercle Cité fir dësen Owend.